Wëllkomm op menger Säit!
Meng Offer: Sproocheservicer fir Privatleit a Betriber
D’Relecture vun Ärem däitschen oder lëtzebuergeschen Text besteet aus engem detailléierten Iwwerschaffe vu sproochlechen Aspekter – nämlech Rechtschreiwung, Grammaire, Interpunktioun, Typographie – an och vun Ausdrock a Stil. D’Zil vun der Relecture ass et, eng héich Qualitéit vun Ärem Dokument ze garantéieren, ouni ze vill anzegräifen, fir datt et „Ären” Text bleift.
Iwwersetzung Ech iwwerdroen Texter aus verschiddene Gebidder (ausser technesch, juristesch a medizinesch Inhalter) vun FR, EN, DE an LU an d’Zilsproochen Däitsch a Lëtzebuergesch, iwwerhuelen allerdéngs keng amtlech Iwwersetzungen. Zu menge rezente Projeten gehéieren Iwwersetzungen vu pädagogeschem Material, Reestexter, Audiodescriptioun an anerer.
Transkriptioun Maacht Är Opnamen (vu Reuniounen, Interviewen etc.) bequem a schrëftlecher Form zougänglech. Ech realiséiere feelerfräi an zouverlässeg Transkripter op Däitsch an op Lëtzebuergesch. Dir kënnt dobäi tëscht enger wuertwiertlecher (dacks fir wëssenschaftlech Zwecker) an enger iwwerschafftener (gutt liesbarer) Transkriptioun wielen.
Wéi gëtt en Dokument agereecht?
Jiddwer Text kann an de Formater doc, pdf, mp3 oder m4a eragereecht ginn. Fir all Commande präziséiert w.e.g. an dësem Formulaire:
• d’Unzuel vun de Wierder vum Ausgangstext,
• d’Textzort (z. B. Bréif, Depliant, Rapport, …),
• d’Terminologie/den Domän (z. B. Pädagogie, Tourismus, Informatik …),
• de gewënschten Delai fir d’Bereetstelle vum Text.
Wat sinn d’Delaie?
Esou bal ech eng Commande unhuelen, gëtt dës an engem méiglechst kuerzen Zäitraum beaarbecht. Op mannst 3 Deeg musse fir eng Relecture a 5 Deeg fir eng Iwwersetzung vu 40 Formsäite berécksiichtegt ginn. D’Delaie sinn ofhängeg vu menge Commanden a variéieren natierlech och jee no Textëmfang.